KaBeMeWa

D’ KaBeMeWa huet och dës Joer fläisseg gebastelt an erëm wonnerschéin Kreatiounen gezaubert. D‘ Kanner rëschten no der offizieller Ouverture em 17:00 Auer d‘ Chrëschtbeemercher um Chrëschtmaart.

De Leederwon asbl

De Leederwon asbl gouf am Februar 2008 no laanger Virbereedung zu Betzder gegrënnt. Vill Fräiwëlleger an Ënnerstëtzer droen dozou bäi d’ Leederwon asbl ze erhalen. D’ Huifbed gouf an den 80er Joeren an Holland entwéckelt fir Leit déi net méi kennen op engem Päerd setzen, d’ Reiden ze erméiglechen. Am Virdergrond steet d’ Wuel fillen an den Spaass mam Déier an Kontakt ze sinn.

Sie erméiglechen eis och den Transport Samsdes Mëttes fir d’ Leit aus dem Muselheem, doriwwer sinn mir immens frou an houfereg.

Mme Lynn Rocchio

Beim Lynn vun Mäertert geet et eemol queesch duerch d’ Kichen vu séiss bis salzeg.
Loosst iech et gutt schmaachen, op mat Olivenueleg aus eegener Produktioun (éischt kal Pressioun Italien , 11/2018) oder Hunneg vum Sepp, Kraidersalzer, Glühwäingewürz, Kichelcher a gebrannte Mandelen.

Mme Laurence Colbach

D’ Laurence vun Uewerkäerjeng kennt mat ganz villen Dekoartiklen wei keramik Käerzenhalter, Dekoteller, Deko fir op ze hänken – ze stellen an Holz / Acryglas Unhänger.